Meng Bicher entstinn ganz aus menger eegener Kreativitéit. 
Ech schreiwen an illustréieren se selwer, entweder op Pabeier oder digital um Tablet. Fir verschidde Projeten schaffen ech och mat enger Fotografin zesummen, wéi zum Beispill bei der Geschicht vum Wuschel. Och d’Kuscheldéieren,  ginn vu mir, mat Hëllef vu menger Famill, selwer gemaach.

Wat mescht eis Kannerbicher a Kuscheldéieren aus?

Meng Bicher a Petzien si mat vill Häerz entwéckelt. Si hëllefen dobäi, Gefiller ze erkennen, schwiereg Situatiounen ze meeschteren an sech net eleng ze fillen. D’Petzien ginn dobäi zu klengen Begleeder, déi Sécherheet a Vertrauen ginn.