Kannerbicher
Wuesse mat all Säit
Wat zeechent mech aus?
Schonn ëmmer war et meng grouss Passioun, Geschichten ze schreiwen – haut ass dës Passioun Realitéit ginn. Als Psychomotricienne hunn ech am Alldag erlieft, wou Kanner Ënnerstëtzung brauchen, a genee dës Erfarunge loossen ech a meng Kannerbicher afléissen.
Meng Visioun
Et ass mir wichteg, Kannerbicher ze schafen, déi souwuel Kanner wéi och Elteren ënnerstëtzen – fir Gefiller besser ze verstoen, Zesummenhalt ze stäerken an den Alldag mat méi Sécherheet ze meeschteren.
Meng Wäerter
Empathie – Gefiller eescht huelen
Zesummenhalt – zesummen wuessen
Kanner stäerken – Vertrauen opbauen
Léieren duerch Geschichten
Meng Geschicht
Meng Begeeschterung fir Geschichten huet schonn a menger Kandheet ugefaangen – ech hunn ëmmer gär geschriwwen an gezeechent an als Teenager meng éischt kleng Bicher geschaf. Mat mengem Beruff ass d’Iddi gewuess, dës Passioun weiderzeféieren an Kannerbicher ze schreiwen, déi nieft Fantasie och e pädagogesche Wäert hunn.
Iwwert mech
Zanter 2020 sinn ech als Psychomotricienne täteg a begleeden Kanner mat verschiddene Schwieregkeeten. Meng deeglech Erfarungen an den Austausch mat Elteren inspiréieren mech, Kannerbicher ze schreiwen, déi och an Zukunft weider entstinn an Kanner am Alldag stäerken.